Moien

Ech sinn an engem klenge Schlass am Norde vun England op d’Welt komm. An zwar: an der Spënnchen! Dat hunn de Lord an d’Lady Peppington awer guer net witzeg fonnt. Och net, datt ech di ganzen Zäit topeg Lidder gesongen huet, an meng Manéieren fuerchtbar waren. Mat 7 Joer sinn ech dann op Lëtzebuerg an een Internat geschéckt ginn. Mat 19 sinn ech a Schottland d’Zeechesprooch vun de Päiperleke studéiere gaangen an haut wunnen ech zu Dikrech mat menger Famill.

Wat maachen ech?

Ech reesen duerch Lëtzebuerger Schoulen an Bibliothéiken fir de Kanner Bicher virzeliesen oder Geschichten z’erzielen. Am beschte mat enger gudder Taass Téi (mat Mëllech!) an engem leckerem Stéck Kuch (ech si jo net fir näischt an enger Spënnchen op Welt komm, gell du!). Ech wëll de Kanner vun 3 bis 12 Joer hellefen mat alle Sënner an d’Geschichten eran ze dauchen fir hinnen ze weisen, datt Geschichten a Bicher fir jideree sinn, an och Spaach maache kënnen. Ech wëll vill flott a positiv Associatioun mam Liesen a Bicher erméiglechen, fir d’Kanner ze motivéieren selwer ze liesen.

Gäre kommen ech och bei dech an d’Schoul oder an d’Bibliothéik, datt s du och dës phantasievoll Liesanimatiounen kanns erliewen. Ech géif mech freeën vun dir héieren. Kontakt